90 Joer vun der Madamm Emma Thomas

De Buergermeeschter Marco Koeune a Begleedung vu sengen zwee Schäffen Francis Schon a Carole Bück souwéi dem Conseiller Marc Koos, sinn der Madamm Emma Thomas den 2. Oktober 2023 fir hiren 90. Gebuertsdag heem wënschen gaang. D’Jubilarin krut e Blummenarrangement an e klenge Stammbam vum Här René Daubenfeld opgestallt, souwéi eng Kopie vun hirem Gebuertsschäin an hirem Hochzäitsakt, iwwerreecht.


D’Madamm Thomas gouf den 14. September 1933 zu Eeschpelt gebuer wou si mat hiren Elteren, dem Thomas Nicolas an d’Kneip Elise opgewuess ass.


Als Kand huet si den 2. Weltkrich erlieft an kann sech nach gutt drun erënneren, besonnesch un d’Ardennenoffensiv am Wanter 1944/45. Vill geschafft ass och um Bauerenhaff ginn. Villes wor Handaarbecht um Feld an am Stall.


Den 5. Mee 1959 huet si dem Här Hansen André vun Donkels d’Jo-Wuert ginn. Zesummen hunn si 3 Kanner kritt, an zwar 3 Meedercher : d’Nicole, d’Simone an d’Martine.


90 Joer a Villes erlieft. Freed a Leed louchen dacks ganz enk beieneen. Um Wee zum 100. Gebuertsdag wënscht de Schäfferot am Numm vum Gemengerot der Madamm Thomas nach vill schéin Momenter bei gudder Gesondheet am Krees vun hirer Famill.


Stauséigemeng