Conveniat 1re Fieldgen 1969


Koveniat 1re Fieldgen 1969

Den 1. Samsden am Oktober ass fir d' Schülerinnen vum Fieldgen, die viru 56 Joer hier 1re  gemaach hunn, eng  Traditioun fir sech dann erëm  an engem Restaurant bei engem gudde Menu ze treffen.

Dëst Joer hat d' Christiane Weydert an de Restaurant Artis zu Hesper agelueden. Trotz ville Festivitéiten am ganze Land, waren 10 vun hinnen, den "harde Kär" vu fréier, der Invitatioun nokomm. Vill ze verzielen gouf et och dëst Joer erëm a wéi all Joer, an dat och nach no 56 Joer,gouf häerzlech iwwer al Spiichten a Geschichten vun deemools gelaacht. 

No dem kulinareschen Deel, war et dann um sportlechen Deel vum Konveniat, en Trëppeltuer am Hesper Park.No engem leschte Patt gouf och dann de nächste Konveniat erëm festgeluet, an zwar den 1.Samsden am Oktober 2026. Organiséiert gëtt en dann vum Lis,  an dat op der schéiner Musel.