Scheckiwwerreechung fir d’Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg (ALAEC)

Generalversammlung vun der Lux-Confrérie des Grands Vins de Bourgogne.


Weiler-la-Tour. Am Kader vu senger uerdentlecher Generalversammlung am Centre de rencontre "Stiffchen" zu Hassel, huet de Präsident a Präsenz vu Vertrieder vun der Gemeng an der ALAEC, a senger Usproch e grousse Merci un all aktive Member ausgesprach an der Gemeng vir d'Ënnerstëtzung op de verschiddenen Manifestatiounen ee grousse Merci gesot.

Duerno huet de Sekretär e Réckbléck op déi verschidden Aktivitéite vum Joer 2025 gemaach, an de Tresorier huet eng gesond d’Finanzlag presentéiert.

No den obligatoresche Walen ass nach een Ausbléck op d' Aktivitéite vum Joer 2026 gemaach ginn.

Niewent deem huet d’Lux-Confrérie des Grands Vins de Bourgogne fir 4. Joer e Scheck un "Associatioun Häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg" (ALAEC) iwwerreecht. Dëse Betrag vun 1.800 € ass d‘Resultat vum Erléis vun der Participatioun mat jeeweils enger Bar à Vin um Food Truck Festival an um Chrëschtmaart zu Weiler-la-Tour, um Open Air Restaurant zu Mondorf-les-Bains, der Stee vun enger Magnum Fläsch Wäin esou wei e privaten Don.

D’Vizepresidentin an den Tresorier vun der ALAEC hunn sech fir dee schéine Gest bedankt an doropshin a klenge Iwwerbléck iwwert d’Aktivitéite vun der Associatioun gemaach .

An der gutt besichter Versammlung, hunn d’Vertrieder vun der Gemeng och ënnerstëtzend Wieder fir d’ALAEC fonnt an der Lux-Confrérie e grousse Merci gesot fir hiert d’Deelhuelen un de verschiddenen Manifestatiounen an der Gemeng..

No dem offiziellen Deel vun der Generalversammlung ass dat eent oder anert Glas Wäin aus der Bourgogne bei dem passende Kéis zerwéiert ginn.

Weitere Neuigkeiten von Mulles Hellers >