Absolventen vum "Institut supérieur de technologie" hun sech erëm gesin


Maarteléng: Op Aluedung vum Jos Weis an Daniel Schiltz hu sech viru kuurzem die fréier Absolventen vum Joer 1983 aus der Schoulklass „Ingénieur technicien en mécanique- 3M“ vum „Institut supérieur de technologie „(IST) no 40 Joer zu hirem 3te Konveniat erëm gesin. Insgesamt 17 Schoulofgänger waren dëser Aluedung nokomm an hunn un enger interessanter Visite vun de Leekollen zu Uewermaarteléng deelgeholl. Beim gemeinsamen Owesiessen am Restaurant Cocoon Belair zu Buurschent- Plage huet jiddereen sech den deftigen Menü och gut schmaache geloos. Bei dëser Geleeënheet sinn och sou munch schéin Erënnerungen aus de gemeinsam erliewten Schouljoeren souwi aus dem aktiven a passiven Liewen erzielt ginn. Beim Abschied huet jidderreen drop gehaalen esou eent Treffen an der kommender Zäit onbedingt ze widderhuelen. (CR) (Foto: Charles Reiser)