Cäciliefeier 2021 zu Hiefenech

Sonndeg, de 5. Dezember war an der Hiefnecher Kierch d’Cäciliefeier am Kader vun enger Mass, déi d’Chorale och gesongen huet zu Éiere vun hirem verstuerwene Member, laangjärege Sänger, Dirigent, Präsident an Éierepräsident, dem Här René Colbach.

Folgend Sängerinne si geéiert ginn:

Colbach-Cloos Marie-Thérèse, Kirsch-Peters Sarah, Peters-Geiben Lucia an Rossi Isabelle (Médaille en argent) an Schaack-Treff Maggy (Insigne de mérite).