Cäeciliefeier zu Hiefenech

Als ee vun den Héichpunkten vum Gesangsjoer huet d'Chorale Ste Cécile Hiefenech den 1. Dezember d'Cäeciliemass ënnert der Direktioun vum Serge ROSEN gesongen, begleet op der Uergel vum Marie-Josée WIRTGEN.


Dëse feierleche Gottesdéngscht ass zelebréiert gi vum Paschtouer Robert KUZWELA.


No enger Usproch vum Marc LINDEN, President vun der kommunaler Kierchefabrék Hiefenech, si sechs Memberen geéiert ginn. Well d'Presidentin selwer och eng Medaile kritt huet, sinn d'Medailen vun der Vizepresidentin Sarah KIRSCH-PETERS an vum Caissier Ludwig MÜLLER iwwerreecht ginn.


Geéiert gi sinn: Charel BERNARD, Plaquette en or fir 50 Jar; Tilly DI GIAMBATTISTA, Médaille en or fir 30 Jar; Serge ROSEN, Médaille en argent fir 20 Jar; Marie-Paule ROSSI, Médaille avec palmettes fir 40 Jar; Pierrette WEYERICH, Médaille en or fir 30 Jar, an Pit WILGÉ, Médaille en bronze fir 10 Jar. Uschléissend huet d'Gemeng Hiefenech op e Patt an de Veräinsbau invitéiert.


Fotograf war den Georges WAGNER.