Commémoratiounsfeier zu Hiefenech

Samschdeg, den 2. Oktober war an der Gemeng Hiefenech d'Commemoratiounsfeier 2021. No enger feierlecher Mass hunn den Här Paschtouer an d'Vertrieder vun der Gemeng un all déi Leit erënnert, déi géint déi däitsch Besatzung gekämpft an ënner hir gelidden hunn, dëst och fir dës Erënnerung un déi Generatiounen, déi d’Gléck haten a Fridden opzewuessen, weider ze ginn. Zum Ofschloss hunn d'Hiefenecher Massendénger eng rout Rous beim Monument aux morts niddergeluecht an d'Chorale Ste Cécile huet d'Heemecht gesongen.