Fraen a Mammen Heischent spenden fir " Wonschkutsch "


Heischent: Mam Heischter- Mëtteg vum éischten Adventssonndeg , den vun de Fraen a Mammen Heischent- Todler- Réngel- Merscheet an Heischtergronn organiséiert gi war, huet och dat läscht Joer zu Heischent op en neiss e groussen Erfolleg kannt. Och de Verkaaf vu selwergebastelten Chrëschtdekoratiounen ass bei de ville Leit op engt grousst Interessi gestouss. Am Kader vun der Scheckiwerreechung, déi viru kuurzem an der Buvette vum Tennis Heischent stattfond huet, ass an treffende Wieder verbonnen mat engem oprichtigen Merci, all Memberen , Komiteesleit, der Gemeng mat alle Bedeeligten fir hirt fräiwëllegt Engagement bei desem Adventsevent higewisse gin. De Scheck vun 4 500 Euro, den den Erléis vum Dag duerstellt, konnten d’Jacqueline Schickes an d’Viviane Seil mat engem oprichtigen Merci entgéint huelen. Dess Suen déi der Vereenegung „Wonschkutsch“ ,déi 2018 gegrënnt gouf och zugut kommen , gin duefir agesaat fir di nei ugeschaaften Ambulanz modern anzeriichten, fir de Patienten hire lëschte Wonsch esou schéin an angenehm wi méiglich och können ze erfëllen. Och de Buergermeeschter Laurent Hilger ass op dat éierenamtlicht Engagement vun de lokale Fraen a Mammen an der Gemeng agaangen, déi mat hirem Aaatz den Erléis fir karikativ Wierker och weidergin, wou d’Gemeng mat hinnen zesummen och ganz houffrig drop ka sin. (CR) (Foto: Charles Reiser)