Generalversammlung Chorale Heischent

Den 23. Abrëll war déi 129. uerdentlech Generalversammlung vun der Chorale vun Heischent an dem neie Proufsall an der Kierfechtsstrooss.

D’Präsidentin hott no der Begréissung e warme Merci un d’Gemeng geriicht fir de neie Proufsall, den d’Chorale lo schonn eng Zäit notze kann. Wichteg war et, fir e Sall um Rez-de Chaussée ze kréien, fir datt d’Memberen keng Trape méi musse goen.

Si konnt eng weider gutt Noriicht verkënnegen, an zwar datt den Organist Patrick Lepage, de lo scho méi wéi e Joer den Interim als Dirigent mécht, offiziell den Dirigenteposten iwwerholl hott. Dëst erméiglecht dem Chouer, musikalesch optimistesch an Zukunft ze kucken.

E Merci gouf an dem Kontext dem Organist Jos Schaefers gesot, den de Gesang zu dene Geleeënhete begleed, wou de Patrick dirigéiert.

D’Sekretärin huet déi sëlechen Aktivitéiten vum Chouer virgedro: besonnech ervirgestach hott z. B. d’Kiermesmass, déi de Gesang op Réiser sange war an do e flotten Owend verbruecht hat.

Virun der Mass vu Chrëschtdag goufen, als „Chrëschtsangen“, e puer Lidder virgedro.

E besonneche Moment war et awer och, wéi de Chouer sengem Eierendirigent, dem Pol Hoffmann, e Gebuurtsdagsständchen ulässlech vu sengem 90. gesong huet an nach e puer gemittlech Stonnen mat him an Erënnerunge geschwelgt huet.

Déi finanziell Bilanz vun der Keessière hott en Debit opgewisen, den doduercher bedéngt ass, datt d’Chorale sech un der Renovatioun vun der Uergel bedeelegt hott. D’Keess war wéi ëmmer virbildlech gefouert, wat vun de Keesserevisoren attestéiert gouf.

De Paschtouer Marco Wehles hott déi gutt Zesummenaarbecht an d’Flexibilitéit vum Chouer ervirgestrach, sief dat an de Sonndesmassen oder zu anere Geleeënheten. Duerch den onermiddlechen Asaz dréit de Gesang zu feierlecher Ënnermolung a Gestaltung vun de Masse bäi. Dem Patrick als neien Dirigent, souwéi dem Jos als Organist hott hen e grousse Merci ausgeschwat. Duerno ass hen och nach kuerz op d’Renovatiounsaarbechten un der Kierch agaang.

D’Vertriederin vum Piusverband, d’Mme Suzette Mayer, hott och e grousse Merci un d’Chorale geriicht an nach op e puer Aktivitéiten vum Piusverband opmierksam gemaach, souwéi de Condoléancetext vun hierem President Marc Boever ulässéech vum Doud vum Poopst Franziskus virgedro.

Et war dunn um Buergermeeschter Laurent Hilger, fir e puer Wuert zum Proufsall ze soen, wou nach e puer Renovatiounsaarbechte néideg sinn. Hen hott der Chorale e Luef ausgedréckt, fir hir sozial-kuturell Aarbecht an och hieren Asatz fir d’Gemeng, bei Receptiounen z.B.

Op dem Fest vun de Kulturen den 23. Mäerz, déi vun der Kommissioun vum Zesummeliewen organiséiert gouf, hate vill Awunner Spezialitéiten aus hiren Heemechtslänner ze schmaache ginn. Dëst war gratis, me d’Organisateuren haten eng Këscht dohinner gesat, wou d’Leit en Don maache konnten. Et gouf décidéiert, dësen Don un d’Associatioun ATD Quart Monde zoukommen ze lossen. Well d’Kommissioun keng Einnahmen darf hunn, hott dat iwwert eng Veräinskeess misste lafen. Vu datt de Chouer, zesumme mam Club des Jeunes vun Esch-Sauer, op dem Fest vun de Kulturen hannert dem Comptoir an am Service gehollef haten, war d’Generalversammlung e gudde Moment, fir de Scheck ze iwwerreechen.

D’Joëlle Ludovicy-Loos aus eiser Gemeng, wat sech scho laang Joeren bei ATD Quart monde asetzt, hott déi Associatioun an hier Aktivitéiten an engem interessanten Virtrag virgestallt. Um Uschloss dorunner krut hatt e Cheque vun 850€ iwwerwisen.

No der fräier Aussprooch gouf den Owend mat engem gemittleche Patt ausklénge geloss.

De Comité vun der Heischter Chorale gesäit folgendermoossen aus:

Pierrette Wallers-Schmit, Presidentin; Colette Deltgen-Winandy, Vizepresidentin; Marianne Janssen-Heiman, Sekretärin; Berthy Goetz-Kneip, Keessière; Marguy Brimmeyer-Krack, Monique Braun-Recken, Juliette Lorang, Memberen.

De Chouer, de sech ëmmer iwwer nei Sängerinnen a Sänger freet, prouft mëttwochs vun 19.30 - 21.00 Auer an der aler Schoul beim Kierfent.