Generalversammlung der Chorale Heiderscheid

Generalversammlung Chorale Heischent

Déi 130. uerdentlech Generalversammlung vun der Chorale vun Heischentgouf an dem neie Proufsall an der Kierfechtsstrooss oofgehal. No enger kuerzer Begréissung an e puer Mercien vun der Präsidentin ass d’Versammlung offiziell opgemaach ginn.

D’Joer gouf nach eng Kéier Revue passéiert - mat e puer flott Massen, engem besënnleche Krëschtsangen, gelongene Prouwen an natierlech och e puer gesellege Momenter nieft der Musek.

D’Keessière huet d’Finanze presentéiert, déi ënnert dem Stréch e liichte Boni opgewisen hunn. D’Keesserevisoren hunn eng impekabel Féierung vun der Keess attestéiert.

Fir dat nächst Joer ginn et och schonn e puer flott Projeten: e Concert de 7. Juni am neie Kulturzentrum zu Eschduerf mat lëtzebuerger Lidder, e puer traditionnell Massen, d’Bedelegung um Waasserfest, souwéi déi eng oder aner Sortie.

Den Dirigent Patrick Lepage hott nach e puer léif Wierder un d’Membere geriicht. Hen hott dem Chouer fir säin Engagement an Zesummenhalt Merci gesot, an d’Freed ausgedréckt, mat esou enger motivéierter Ekipp ze schaffen. Mat engem klenge Bléck no vir huet hen d’Loscht op déi kommend Projeten nach verstäerkt.

Och de Pachtouer Marco Wehles hott et sech net huele geloss, dem Chouer seng beschte Wënsch mat op de Wee ze ginn. Hen hott d’Roll vun der Musik an der Gemeinschaft ervirgehuewen an dem Chouer nach vill flott Momenter an Zesummenhalt fir d’Zukunft gewënscht.

De President vum Piusverband, den Här Marc Boever, hott ervirgestrach, datt d’Chouerliewen allgemeng ëmmer méi schwiereg gëtt an de Veräin encouragéiert, weider sou gutt Aarbecht ze leeschten. Hen hat dunn och d’Eier, 2 Membere vum Gesang eng Medail fir 40 Joer am Déngscht vum Chouer ze iwwerreechen: dem Juliette Lorang an dem Marco Wehles.

Zum Oofschloss huet d’Buergermeeschtesch nach e puer häerzlech Wierder un de Chouer geriicht. Si huet d’Membere fir hieren Asaz am kulturelle Liewe vun der Gemeng Merci gesot an ënnerstrach, wéi wichteg esou Veräiner fir d’Zesummeliewe sinn. Mat vill Unerkennung huet si dem Chouer nach vill Erfolleg a Freed fir déi nächst Aktivitéiten gewënscht an d’Hoffnung ausgedréckt, nach vill schéi Concerten dierfen ze erliewen.

Nom offiziellen Deel ass et nach gemittlech bliwwen, mat engem gudde Patt. Et gouf nach laang geschwat a gelaacht - genee sou, wéi een et sech an engem Chouer wënscht.

De Comité vun der Heischter Chorale gesäit folgendermoossen aus:

Pierrette Wallers-Schmit, Presidentin; Colette Deltgen-Winandy, Vizepresidentin; Marianne Janssen-Heiman, Sekretärin; Berthy Goetz-Kneip, Keessière; Marguy Brimmeyer-Krack, Monique Braun-Recken, Juliette Lorang, Memberen.

De Chouer, de sech ëmmer iwwer nei Sängerinnen a Sänger freet, prouft mëttwochs vun 19.30 - 21.00 Auer an der aler Schoul beim Kierfent.