Heischent goes Circus

Circus ZappZarap „Kannst du nicht war gestern“

„Manege fräi“ hott et an der Woch vum 30/5 - 03/6 an der Schoul zu Heischent geheescht. Amplaz an der Bänk ze setzen hunn déi ronn 230 SchülerInnen all Dag an deene verschiddensten Zirkusgenren Tricker an Attraktiounen ageprouft, déi si um Weekend hirer Famill a hire Frënn virgefouert hunn.

D’Motto „Kannst du nicht war gestern – heute ist Circus“ hott sech duerch de ganzen Training gezunn: et goung drëm, Talenter ze entdecken an ze fërderen, Grenzen an Angscht ze iwwerwannen, sech eppes zouzetrauen, Hëllefsstellungen ze ginn an unzehuelen a sou iwwert sech erauszewuessen. Ënnert der Leedung vun erfuerene Circuspädagogen erfuerenen Zirkuspädagogen hunn d’Kanner zesumme mat hiren TrainerInnen (de Jofferen a Schoulmeeschteren) eegestänneg eng Show zesummegestallt.

Déi dräi Optrëtter waren e vollen Erfolleg, an den Erléis vun 2700€, deen duerch de Verkaf vun den Entréesbilljeeën erakoum, hott d’Schoulgemeinschaft integral der Associatioun „Île aux clowns“ zoukomme gelooss.