Scheckiwwerreechung van de Kanner aus der Catéchèse Por St. Benoît Cliärref Ee Samsdig, den 5. Juli 2025, am Kader van enger Familljenmass, honn d'Kanner aus der Catéchèse Por St. Benoît Cliärref, 2 Schecken iwwerreecht, 8000€ zu Gonsten van der Fondation Partage.lu. Dëst ass den Erléis van den Donen fir d'Kommiounskanner an van der Solidaritéitsaktioun van der Por St.Benoît. 1580€ zu Gonsten van dem Kannermissiounswierk. Dëst ass den Erléis aus dem Verkof van den Bastelaarbichten, déi d'Kanner aus der Catéchèse Helleg Owend no dem Krëppespill verkoft honn.