Scheckiwwerreechung van de Kanner aus der Catéchèse Por St. Benoît Cliärref
Ee Samsdig, den 4. Juli 2026, am Kader van enger flotter Familljenmass, honn d'Kanner aus der Catéchèse Por St. Benoît Cliärref, 2 Schecken iwwerreecht. Ee Scheck van 8000 € zu Gonsten van der CSI Lëtzebuerg. Dëst ass den Erléis van den Donen fir d'Kommiounskanner an van der Solidaritéitsaktioun van der Por St.Benoît. 2200 € zu Gonsten van dem Kannermissiounswierk. Dëst ass den Erléis aus dem Verkoof van den Bastelaarbichten, von de Kanner aus der Catéchèse, déi Helleg Owend no dem Krëppespill verkooft goufen.