Frauen a Mammen Héinescht-Fëschbich-Kaalber spenden 9.000 Euro fir goud Zwecker

Am Kader van enger gemütlicher Feier hann d'Frauen a Mammen Héinescht-Fëschbich-Kaalber kierzlich dräi Schecken aa verschidden sozial Organisatiounen iwwerreecht.

3.000 Euro gungen aan d'Fondation Cancer fir hir wäertvoll Aarbicht am Kampf géint de Kriibs. 3.000 Euro krut o d'Vereenigung SOS Kannerduerf Lëtzebuerg, wu vill Kanner engt gebuargent Doheem hann. An 3.000 Euro krut o d'Fondation Sarah Grond, déi Kanner an hir Famillen an der Trauer ëm ee léiwe Mënsch begleet. Si ënnerstëtzen dës Famillen an enger schlëmmer Zékt.

Di dräi Organisatiounen hann de Frauen a Mammen hir Aarbicht am Detail erkläert an ee gruusse Merci gesot fir d'Suen, déi si am Déinst van dëse Mënschen asetze wäerten.