D’Frauen a Mammen van Héinescht a Kaalber weise sich solidarisch

Wäerend enger gemütlicher Feier am Centre culturel van Héinescht hann d’Frauen ee Betrag van insgesamt 9.000 € aa folgend Institutiounen iwwereecht.:

3.000 € aa „Médecins sans frontières“ fir hiren Asaz bei den Erdbeben an der Türkei an a Syrien. Déi selwicht Zomm gung aa „Médecins du Monde“, déi hei am Land Leit, déi net sozial versëchert sënn, medizinisch betreien. E weidere Betrag van 3.000 € gung aan d’Ligue d’Hygiène Mentale, eng Organisatioun, déi psyschisch krank Leit ënnerstëtzt an hinnen hëlleft, fir zeréck an eent normalt Liäwwen ze fannen.

Déi präsent Vertrieder vun den Organisatiounen ha sich ganz häerzlich bäi de Frauen fir dëse schinge Geste bedankt an hann Erklärunge giänn iwwer hir Aarbicht an hiren Asaz.

Datt gespendte Geld ass den Erléis vam alljäerlichen Adventsbasar van de Frauen a Mammen, dee wi all Jor ërem ee vollen Erfollig wor. Heimatt soe si alle Lekt villmols Merci, déi si mat hirem Besuch oder engem Don ënnerstëtzt hann. Do derniäwt sënn d’Frauen ewer o wäerend dem ganze Jor bäi ville weltlichen a kirichliche Fester engagéiert, sou dass si o duerch dës Aktiounen kannen derzou beidroen, anere Lekt ze hëllefen.