Konveniat vun de Joergäng 1930-1965 zu Wuelëssen

Den 3. Oktober 2026 hate sech zu Wuelëssen op en Neits déi fréier Schoulkomerodinnen a -komerode vun de Joergäng 1930 bis 1965 getraff. No enger Gedenkmass un déi verstuerwe Schoulkolleegen an der Kierch, déi vun de Wuelësser Sängerfrënn flott gestalt gouf, gouf sech am Duerfsall "A Meesch" getraff fir mateneen den Apéritif ze drénken a sech vum Buergermeeschter Romain Wester unhand vun enger flotter Billershow d'Gemeng Parc Housen an hir aktuell Projete virstellen ze loossen. Am Restaurant "Beim Bertchen" hunn d'Gäscht sech et duerno gutt schmaachen a sou munech Spiicht vu fréier nei opliewe gelooss.