Fettendonneschdig mat de Kanner aus dem Duarref vun Heesdrëf

Den 8ten Abrëll wor et dann sou wäit. D’Kanner von Heesdrëf woren houfrig fir een Deel von den Suen, déi sie ob Fettendonneschdig am Duarref opgeraaft hon, konnen ze spenden.

Dest Joer goungen 350 Euro on d‘Île aux Clowns, déi et sech als Aufgab gemat hot fir kranken Kanner engt Laachen op d’Gesiicht ze zauberen.

E Vertrieder vun der Ile aux Clowns wor bis rop an den Norden kommen an hot verzallt, wéi d‘Aarbicht von den Clown’en am Alldag ausgesäit an d’Kanner hon ganz brav an opmierksam nogelauschtert.

Als Erënnerung gouf eng Foto gemat an bei engem gudden Stéck Bond gouf d’Scheckiwerreeschung auskléngen gelooss.


Ile aux Clowns seet Villmos Merci