Blechen Zich zu Helleng

No zwee Joer Ënnerbriechung konnten déi fervent Modelleisebunner vun de Stammdëschfrënn Blechzuch Spuer 0 op Päischtsonndeg zesumme mam DT Helleng am Centre Polyvalent zu Helleng nees eng international Eisebunnsbourse organiséieren. Obschonns d’Spuer 0 nëmmen en Fragment vun der ganzer Modelleisebunnspanoplie duerstellt, haten sech iewer eng grouss Unzuel un echte Modelleisebunnsfrënn hei afonnt. - Bei der Spuer 0 handelt et sich em Eisebunnsanlagen a Rullmaterial am Moossstaaaf vun ongeféier 1:45, wat eng Spuerwäit vun 32 mm ergëtt. An der Spart vun der Spuer 0 sinn déi eigentlech Modellbauer net esou heefeg unzetreffen, mee hei geet et virun allem drëms fir harmonesch zesumme gesaten Zich aus strapazéierfäegem Material realitéitsno op enger selwer konstruéierter Anlag beim fueren nozekucken an sech dorun ze erfreeën.

D’Besicher konnte méi ewéi 100 Joer al Zich bestaunen, wéi si nach mat enger iwwerraschender Reegelméissegkeet hier Ronne gedréint hunn. D’Eisebunnsfrënn haten d’Méiglechkeet, fir op dëser Bourse esouwuel hiert eegent Material ze tauschen oder Neies ze erstoen. En besonnesch nohaltegen Androck hunn déi faarweg lackéiert Zich bei deene jonke Visiteuren hannerlooss, wat een un hirem Gesiichtsausdrock a liichtenden Ae konnt feststellen. De Visiteure gouf och d'Méiglechkeet gebueden sech geselleg bei engem klenge Maufel an engem gudde Pättchen auszetauschen.

Et wär ze hoffen, dass des nach jonk Traditioun am nächste Joer eng weider flott Oplag géif erfueren an net duerch eng Pandemie géif ausgebremst ginn.