MASS OP " CHRISTIHIMMELFAART " AN DER KAPELL VUM FAUTELFIELS 2022


Virun enger Rei Joren gouf op Initiative vun der KMA Luerenzweiler an der Gemeng Luerenzweiler , d´Kapell an der Fautelfiels néi amenagéiert.

Sou ass och dëst Joer vun der KMA Luerenzweiler , wéi och schonn déi Joren virun Covid op Christihimmelfaart eng Mass vum Här Dechen Felix Steichen an der Kapell vun der Fautelfiels gehal ginn. Vill Leit haten de Wee an d´Fautelfiels fonnt.

No der Mass huet d´Amicale Pompjeeën Luerenzweiler um Fouss vun der Fautelfiels fir Iessen a Gedrénks gesuergt . D´Luerenzweiler Guiden a Scouten hunn d´Navette vun der Luerenzweiler Gare esou wéi vum Parking Blasschenterstrooss op d´Fautelfiels gemaach.



-----------------

Fotoen : Steyer - Fonck Alice

copyright