Am Tricentenaire a bei der APEMH gouf nees fläisseg Lëtzebuergesch geléiert

Walfer: D'Mataarbechter vum Tricentenaire an der APEMH profitéieren zanter 2015 vun engem interne Sproochecours am Lëtzebuergeschen, dee vun enger agrééierter Mataarbechterin gehalen a flexibel organiséiert gëtt, esou datt déi Persounen, déi Schichte schaffen, och d'Méiglechkeet hunn, dorun deelzehuelen. Déi lescht Woch krute folgend Leit hiren Diplom: Avampia Assana, Estelle Bacher, Katia Carême, Sébastien Degouy, Nathalie Flon, Giuliano Gerussi, Rosamma Manuel, Sébastien Michotte, Adelaide Antunes Pereira, Birgit Reinig, Agata Samiec a Geoffrey Winand.