Scheck-Iwwerreechung vum Club Soroptimist international vun Esch/Uelzecht

Eng Delegatioun vun den Escher Soroptimisten huet de 14ten Mäerz 2023 e Scheck vun 3.000,-€ un d’Madame Danièle PETESCH, Responsabel vum Service « 321 Vakanz » - a.s.b.l. Tricentenaire, a Präsenz vum Generaldirekter Christophe Lesuisse, konnten iwwerreechen.

Desen Service, dee 40 Fräiwëlleger beschäftegt, erlaabt de Leit mat enger Behënnerung ze reesen souwuel mam Bus, ewéi mam Flieger. Eng grouss Nofro läit och schons fir dest Joer vir, soudass ëmmer alles schnell ausgebucht aus, dest besonnesch no Covid, wou d’Persounen mat spezielle Bedürfnisser an den Heemer et net einfach haten.