Renouveau beim Tennis Club Walfer : Gigo Lamesch neie President

Kierzlech huet den TCR Walfer seng Generalversammlung am Centre Prince Henri ofgehalen. Dëst Joer war et en aussergewéinlecht Joer well niewent véier Comitésmemberen och de laangjärege President Chouche Feidt net méi fir den neie Comité kandidéiert hunn. De Chouche war aktiven an duerno Loisirspiller zanter der Grënnung vum Veräi viru 50 Joer. Hie ass 2003 Member vum Comité gi wou hien zanter 2006 de Presidenteposte bekleet huet. D’Zukunft vum Club ass awer garantéiert well direkt 5 nei Leit sech fir déi fräi Poste genellt haten. De neie Comité gesäit elo folgendermoossen aus : Gigo Lamesch (President), Dan Flies (Vize-President), Claudia Engelbrecht (Sekretärin fir Sport), Valérie Buckhurst (administrativ Sekretärin), Fabrice Alix (Tresorier), Lieve Aenckaert a Raymond Majchrzak (Memberen).


„Den neie Comité spigelt elo méi d’Diversitéit vun den Nationalitéiten erëm, déi et bei eis an der Gemeng ginn. Schonn zanter längerem sti bei eis am Club niewent de Schmitten a Mulleren och Spiller déi Roadway, Viinamäki, Engelbrecht oder Buckhurst heeschen um Terrain. Et war nëmmen eng Saach vun der Zäit bis dës Mixitéit och an eisem Comité erëmzefannen ass,“ esou den neie President Gigo Lamesch.


Den Tresorier Bob Muller huet d’Memberen informéiert, datt de Club nach ëmmer op finanziell ganz stabille Been steet an datt esouwuel d’Memberszuele wéi och d’Zuel vun den Tennisschüler konstant héich bleiwen. Sportlech gesinn, schéckt den TCR Walfer dëst Joer 17 Equippen an d’Course fir Titelen. Dat sinn der dräi méi wéi nach déi Saison virdrunner. Véier vun dësen Equippe spillen an der héchster Divisioun vun hirer Alterskategorie.


Zum Schluss huet de Club nach e waarmen Appell un d’Gemengevertrieder gemaach, datt de Club onbedéngt eng Tennishal brauch fir sech weiderentwéckelen an och am Wanter existéieren ze kënnen. De Buergermeeschter huet doropshin dem Veräin matgedeelt, datt d’Reparatioun vun der Basketshal momentan eng absolut Prioritéit wier an een eréischt dono kéint kucken ob den Tennis och seng Hal kritt.