Zwee Afschlossconcerten op der Uargel an de Kierchen zu Helzen an Ëlwen

An der Zesaamenarbicht mat den Amis de l’Orgue Helzen, Houfelt, Weiler an den Amis de l’Orgue Ëlwen haten vira kurzem „De klenge Maarnicher Festival“ am Partenariat mat „Islek ouni Grenzen“ op zwee Owender an d’Kierchen op Helzen an Ëlwen op déi wonnerbar Concerten mat Uergelmusik invitéiert.

Dëss zwee afwiesslungsräich Afschlossconcerten haten Participanten d’Stephanie Duprel, Charel Breisch Michel Krier, Julien Landers, an Marc Loewen mat Wierker vam J.S.Bach , J-P, Sweelinck, Johann Baptist Vanhal, Juan Cabanilles, Nicolaus Bruhns, Charles Piroye , Nicolas de Grigny, Dietrich Buxtehude, Anton Höffner an J.N.Clérambault virgedoen.

Ënnert der Leedung vam Maurice Clement sënn dëss Concerten am Kluster zu Fünfbrunnen am Kader van engem Cours de Perfectionnement astudéiert gien.