Aweiung "Réckkonsum-Shop" an RAL Gold Certificate, Oekocenter (5.11.2019)

Den Oeko-Center Hesper huet säin Réckkonsumshop ageweit an ass als 1. Recyclingszenter zu Lëtzebuerg mam Zertifikat RAL-Rückkonsum Gold ausgezeechent ginn


De 5. November 2019 ass an enger sympathescher Feierstonn den neien Réckkonsumshop (fréieren Secondhandshop) am Oeko-Center Hesper feierlech ageweit ginn.

Deen neien Shop bestécht duerch eng nei modern Optik an huet d’Ziel d’Qualitéit vun den gebrauchten Produkter déi d’Leit do kennen ofginn ze erhéijen, dëst ganz am Sënn vun enger nohalteger Re-Use Strategie.

D’Client’en kennen hir gutt erhalen Secondhandsaachen un der Téik am Shop ofginn an d’Mataarbechter vum Oeko-Center maachen en éichten visuellen Check an stellen se dann an di entspriechend faarflech gutt erkennbar Kategorie (Dekoratiounsartikel, Bicher, Spiller, Kleeder, Kichenutensilien,…). D’Client’en vum Oeko-Center Hesper kënnen dann di Saachen déi si interesséieren mathuelen.

Duerch des Weiderverwäertung ginn d’Liewenszäiten vun villen Artikel an Produkter verlängert an wichteg Ressourcen geschount.

Dee selwechten Owend ass den Oeko-Center Hesper als éichten Recyclingszenter iwwerhaapt am Land an als zweeten Recyclingszenter europawäit mat dem Zertifikat RAL Rückkonsum GZ-950 an Gold ausgezeechent ginn.

RAL Gütezeichen kennzeechnen Produkter an Service, déi no genau definéierten Qualitéitscritèren mussen produzéiert resp. ugebueden ginn.

Am Fall vum RAL Réckkonsum ass soumat genau definéiert wéi modern an innovativ Recyclingszenteren mussen funktionéieren fir eng nohalteg an ressourcëschounend Offallgestioun ze garantéieren.

Dass den Oeko-Center Hesper elo mat der héchster Auszeechnung, dem Goldzertifikat ausgezeechent ginn ass, weist säin innovativen Charakter an och d’Effort’en déi vun den Gemengeverantwortlechen am Ëmweltberäich zënter Joren konsequent gemaach ginn.

Zum Ofschloss huet d’Associatioun ALAN Maladies Rares Luxembourg nach en Scheck an Héicht vun 4.500.- € kennen entgéint huelen, déi aus dem Erléis vum Bicher- an Spillsaachenmaart zesummekomm sinn.