E Sonndeg, de 15. Mäerz 2026 war zu Hesper am Centre Jos. Altmann di traditionell "Hesper Kaffisstuff" mat Mëttegiessen, Tombola a Verkafsstänn, mat Handaarbecht a Gebeess, Pâtisserie a Gedrénks.
Bei der Scheckiwwerreechung viru kuerzem konnten doropshinn 17.500 € verdeelt gin. D'ALAN (Hëllef fir Mënsche mat enger rarer Krankheet), d'ASA (Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn) an d'Guiden a Scoute fir eng Welt mat hirem Projet fir de Cap Vert hu jiddereen 5.000 € kritt an d'Sozialaktioun vun der Par Hesper fir Médecins du Monde och nach 2.500 €. Di verschidden Organisatiounen, déi en Don vun der Ekipp Hesper Kaffisstuff kritt hunn, hate bei dëser Geleeënheet d’Méiglechkeet sech an hir Projeten virzestellen a konnten domatt d’Gäscht vun dëser sympathescher Feier déif beandrocken.
Beim Eierewäin - offréiert vun der Gemeng Hesper - ass de gemittlechen Owend ausgeklongen.
En häerzleche Merci alle Leit, déi och 2026 d’Hesper Kaffisstuff ënnerstëtzt hunn.