D’"Equipe Hesper Kaffisstuff" verdeelt 17.500 €

E Sonndeg, den 30. Mäerz 2025 war zu Hesper am neie Centre Jos. Altmann di traditionell "Hesper Kaffisstuff" mat Mëttegiessen, Tombola a Verkafsstänn, mat Handaarbecht a Gebeess, Pâtisserie a Gedrénks.

Bei der Scheckiwwerreechung konnten doropshinn 17.500 € verdeelt ginn. D'Fondatioun Dr Elvire Engel, de Mutferter Haff a Wäertvollt Liewen hu jiddereen 5000 € kritt an d'Sozialaktioun vun der Par Hesper fir Médecins du Monde och nach 2500 €. Di verschidden Organisatiounen, déi en Don vun der Ekipp Hesper Kaffisstuff kritt hunn, hate bei dëser Geleeënheet d’Méiglechkeet sech an hir Projeten virzestellen. Si hunn hir Aarbecht um Terrain beschriwwen a konnten domatt d’Gäscht vun dëser sympathescher Feier déif beandrocken.

Beim Eierewäin - offréiert vun der Gemeng Hesper - ass de gemittlechen Owend ausgeklongen.

En häerzleche Merci alle Leit, déi och 2025 d’Hesper Kaffisstuff op di eng oder aner Manéier ënnerstëtzt hunn.