2600 Euros fir de Foyer Eisleker Heem

Par Wëntger

Bei den Adventsfënsteren zu Nidderwampich, Lëllgen an Aasselbuer guefen 2600 Euros gesammelt fir d'palliativ Betréiung am Eisléker Heem.

An der Par Wëntger gëtt de liäwegen Advent seit 16 Joer van der Pastoralreferentin Ingrid Scholzen initiéiert. Zu Nidderwampich bei der Famill Simon stung d'Adventsfënster ënnert dem Thema "Liicht". Mat de klénge Kanner aus dem Duerf guef d'Geschicht vum Stär duergestallt an d'Adventslidder guefen van der Chorale Ste Cécile vu Nidderwampich gesongen. Zu Lëllgen konnt d'Museksgrupp ToSa d'Leit begeeschteren wie och de Film iwwert d'Geschicht vum Reebou mat de Bewohner aus dem Eisleker Heem. Um pädagogischen Bauernhaff "Om Béchel" zu Aasselbuer guef d'Chrëschtgeschicht van de Kanner gespillt am Stall mat de Schof an den Ieselen.

Vill Leit waren dobaï an han sich bedeeligt un d'Solidaritéitsaktioun fir d'Eisleker Heem. Dese Sonndeg, den 11. Janunar 2026 guef de Scheck am Kader van der Familljemass zu Houfelt iwwereecht. Här Alex Thillens hat de Scheck entgéint geholl an den Hisotorique vam Eisleker Heem virgestallt. Die 2600 Euros gi gebraucht fir de palliativen Projet am Eisleker Heem. D'Fotoen van der Scheckiwwereechung guefen vam Jeff Engelen gemat.