Dik dik da, muer ass Ouschterdag

Ëlwen a Biwisch :

No aler Traditioun zéien d'Massendénger vun Ëlwen och dëst Joer um Karfreideg an op Karsamschdeg duerch d’Stroossen vun Ëlwen a Biwisch a loossen hir Klibberen héieren, fir d’Klacken ze ersetzen. Well vum Gréngen Donneschdeg owes u bis an d’Ouschternuecht d’Klacken net lauden, seet een, si wieren op Roum geflunn. Zanter dem Joer 2022 gehéiert d’„Klibbere goen“ zum nationale Kulturierwen zu Lëtzebuerg. Op Karsamschdeg sangen d'Massendénger hiert Ouschterlidd „Dik dik da, muer ass Ouschterdag“ bei all Haus a freeë sich iwwer Ouschtereeër a Séissegkeeten oder iwwer eng kléng finanziell Ënnerstëtzung beim Oprafe goen.
Ëlwen a Biwisch :