De Bruno Lavina krut 80 Joer

Viru kuerzem huet de Bruno Lavina am Restaurant „a Guddesch“ zu Biereng am Krees vu senger Famill a senge Frënn säin 80. Gebuertsdag gefeiert.

Hien ass den 23. November 1932 zu Tambre an Italien gebuer a lieft zënter 1954 zu Lëtzebuerg, wou hie sech 1958 mam Josephine Reiland vun Huelmes bestuet huet an e Meedchen an e Jong krut. De Bruno Lavina bléckt op en erfëllt an erfollegräicht Aarbechts- a Familljeliewen zréck.

Ad multos annos!(C.)