Timberen-an Mënzeclub: 99 Joer an 100 Memberen

Viru kuerzem konnt den Cercle philatélique et numismatique Hollerich-Bonnevoie asbl. säin honnertste Member feieren an ass domat entretemps dee véiertgréissten Timbersclub am Land. Den neie Member vu Bouneweg war genau esou houfreg ewéi säi President Maurice Kirsch a krut eng Fläsch lëtzebuergesche Crémant iwwerreecht fir en am Club ze begréissen.

En vue vum 100. Gebuertsdag am Joer 2022 ass den Timbersclub stänneg aktiv. Dir sidd un Timberen, Mënzen oder Postkaarten interesséiert? Dir hudd esou Saachen doheem a wëllt wëssen wat se Wäert sinn? Dir wëllt weidersammelen oder Är Sammlung ergänzen? Mellt iech bei eis iwwer mommo@pt.lu oder kuckt bei Facebook ënner “Cercle philatélique et numismatique du Luxembourg”.

All Samschdes treffen sech Memberen vum Club op der Terrass vum Café des Sports op 3, rue de Bonnevoie zu Itzig fir ze poteren, Saachen ze tauschen an iwwert hiert gemeinsamt Hobby ze fachsimpelen. Kommt emol laanscht! Jiddereen ass wëllkomm! Member ginn an dobäi sinn ass ganz einfach! Timberen an Mënzen sammelen ass in!