Timberen, Postkaarten an Mënzen sammelen ass cool !

Muer um 12.12. wäert déi lescht Bourse fir Timberen, Mënzen an Postkaarten fir dëst Joer stattfannen an zwar vun 8-12 Auer Moies.



Am neie Joer gesi mer eis dann den 23. Januar erëm.



D’Adress ass onverännert 52, rue Jules Wilhelm L-2728 Luxembourg-Kirchberg.



Dir sidd un Timberen, Mënzen oder Postkaarten interesséiert? Dir wëllt Member an engem aktiven Timberen- a Mënzeclub ginn? Dir wëllt wëssen wat är Saache wäert sinn? Dir wëllt ënnert Gläichgesinnte sinn an iwwert eise flotten Hobby poteren? Dann si Dir bei eis richteg!







Mellt Iech fir wieder Infos och gäer beim President Maurice Kirsch iwwer mommo@pt.lu oder um 691 83 49 26.