5 Holzemer Veräiner ënnerstëtzen de Sipo

Chapeau! D’Veräiner vun Holzem hunn d’virescht Joer am November zerguttst op der Ändercheskiirmes fir de gudden Zweck geschafft. Op enger klenger Feier den 8. Juni am Festsall huet de Sipo (Suivi pédagogique et thérapeutique du jeune enfant et de sa famille ) dunn 2600 Euro iwwerreecht kritt. D’Flëntermais, de Gaart an Heem, d’Fraen a Mammen, de Gesangveräin an de Keeleclub vun Holzem hunn 1850 Euro gesammelt. Als Ënnerstëtzung fir dës virbildlech an altruistesch Aktioun huet d’Gemeng Mamer 750 Euro dropgeluegt.

Wéi de Gilbert Brandenburger am Numm vun de Veräiner sot, geet den Erléis vun der Änderscheskiirmes traditionell un ee gutt Wierk. De Sipo këmmert sech op senge Pilieren zu Mamer an zu Ettelbréck em Kanner tëscht 0 a 6 Joer, déi entweder een Handicap oder ee Retard an der Entwécklung hunn oder ënner Verhalensproblemer leiden.

Ee grousse Merci gouf et vum Buergermeeschter Gilles Roth un d’Adresse vun de Veräiner fir hiren Asatz am Intressi vun der Duerfgemeinschaft. Bei der Zeremonie dobäi waren och d’Schäffe Roger Negri a Marcel Schmit an och eng Partie Gemengeréit.
Notéiere soll ee sech schonns den Datum fir di nächsten Ändercheskiirmes, sonndes, den 27. November am Holzemer Festsall. Den Erléis vun der 24. Editioun ass dann och nees fir de gudden Zweck.


Foto : André Feyereisen