Kierchtuermspromenaden 19 - Houlzem: Vun Tyrannen an Eenhörner

Holzem - 'Houlzem' zielt mat sengen 592 Awunner zur Gemeng Mamer. Enn November steet do traditionell d'Aendercheskiermes um Programm. Holzem war zur fränkescher Zäit Deel vum sougenannte Wawergau, der Regioun tëscht Maas a Musel. Et ass spéider als 'geschlossenes Haufendorf' charakteriséiert, ëmgi vun Bëscher an Hecken. 't war am Joer 1023 nom eelste bekannten Dokument als Hulcinesheim agedroen a wahrscheinlech nom Chef vun engem Stamm benannt. D'Uertschaft verréit haut nach hir ländlech Originen.

Fréier stoung südlech vum Uert e Schlass mat engem tyrannesche Besëtzer. Fir endlech Rou ze hunn, hu Couragéierter d’Eenhorn aus sengem Déieregaart erausgelooss. D’Déier wollt säin Här attackéieren, awer deen ass an d’Kapell geflücht! Schlussendlech blouf d’Licorne mam Hoar an der Dier stiechen, den Tyrann ass erhengert, an d’Schlass do versonk wou haut d’Fockemuer ass!

Dëst kléngt bal wéi e Märchen a Kuerzform... Keng imaginär Schlassmaueren, mä den Houlzemer Duerfkär huet eng figurativ Tuschzeechnung 1946 vum deemools 20 järege Moler Henri Dillenburg veréiwegt! - D’Aendercheskiermes ass e relativ neie Brauch ëm eng al Traditioun! Fréier war d’Houlzemer Kiermes um Dag vum Kierchepatréiner; aus meteorologesche Grënn gouf s’op d’Päischten verluet - an den Hämmelsmarsch och.

D’Veräiner organiséieren à ‚tour de rôle‘ Enn November am Festsall en Duerffest, op deem d’Leit sech begéinen, zesummen iessen, sproochen an Advents Arrangementer kafe kënnen - eent méi schéi wéi dat anert - well net fir näischt reimt sech Holz’em mat stolz’em Éire-Gefill.

Den ongekierzten Artikel fannt Dir hei:
http://www.tessyglodt.lu/page/holzem.html


Fotos: Archiv LW (Anouk Antony)