HAINE Fränz 80

Den Haine Fränz ass den 9. Mee 1939 gebuer an huet drop gehalen fir säin Gebuertsdag op den Dag mat enger Wanderung zou Houschent mat sengen Frënn vun der Marschequipe vun der Police ze begoen. Duerfir hat de Fränz den Trëppeltour vun +/- 17 km selwer erausgesicht a bei Wierder, wou en säin Hond net virun Dier géif schoen, hunn sech Wanderer a Wanderinnen, op de Wee gemaach. Obschon , dass e wosst , dass wann den Fränz en Trëppeltour géif organiséieren, dass et net einfach géif ginn, huet kén et sech huelen geloss fir bei déser Wanderung dobai ze sinn. Keng einfach Wanderung, déi ons vun Houschent erof op Sauer gefouert huet a vun do iwwert den Féischterhaff bei Bourschterschlass. Mä dat Schwéierst sollt nach kommen an zwar huet de Fränz als „ Leckerli „ Gréng Lee ageplangt an dat vun ënnen vun der Sauer bis op Lëppschent . De Fränz en Urgestein vum Dikrecher Marche , wou hien vun Ufank un dobäi war an all Kéier di 2 X 40 km mat Bravour bewältegt huet, ass och mat sengen 80 Joer di Gréng Lee wéi e jonken Fuuss eropgerannt. Vun Lëppschent war et dunn net méi wäit bis op Houschent an hei konnten mir eis erblossen. E puer flott Stonnen sinn dunn , wéi am Fluch beim Annette zou Houschent vergaangen. Merci FRÄNZ fir dee flotten Dag.