Nei Raimlechkeete fir den « De Cliärrwer Kanton » zu Housen

Viru kuerzem huet de Buergermeeschter vun der Gemeng Parc Housen, Romain Wester, dem Comité vun der Vereenegung "De Cliärrwer Kanton" (DCK) de Schlëssel vun hirem neie Veräinssall an der fréierer Primärschoul zu Housen iwwerreecht. Dës Raimlechkeeten, déi komplett renovéiert goufen, deelt sech den DCK mat der Geschichts- an Archivkommissioun aus der Gemeng Parc Housen.

All Zäitschrëften, déi den DCK zanter 1979 erausginn huet, sinn elo op dëser Plaz a feierfeste Schief stockéiert. De President André Bauler huet dem Buergermeeschter an dem Gemengerot villmools Merci gesot, datt si den DCK opgeholl hunn an datt esou all Revuen op enger sécherer a propperer Plaz versuergt kënne ginn. Si sinn eng Aart Gediechtnes vum Éislek a sollen deene jéngere Generatiounen erhale bleiwen.

De Romain Wester freet sech iwwer d'Presenz vum DCK a senger Gemeng an huet eng gutt Zesummenaarbecht gewënscht.


Foto: Nico Heckemanns