2000 € fir M.I.L. a.s.b.l.

Traditionnell haat d'Hueschterter Musek ennert der Direktioun vum Claude Hoffmann op de Concert de Bienfaisance an d'Hueschterter Kierch gelueden. En engem éischten Deel ware Wierker wéi "Vita pro Musica", "Chorale in Contrasts" a "Sbandiamo" um Programm. Virun der Paus huet d'Musek de "Caro mio Ben" fir hire laangjärege Musikant a Sekretär Roby Mahr gespillt. Dese läschte Wonsch vum Roby konnt Pandemie-bedingt net um Begriefnes gespillt ginn. An der Paus huet d'Madame Dani Jung hir Associatioun M.I.L. virgestallt. Am weidere Programm, duerch deen d'Sonja Sartorius an de Claude Bache gefouert hunn, stoung fir d'éischt "Moon River". Duerno huet d'Fanfare matt hirer Gesang-Solistin Anna Felke "My heart will go on" an "Ich gehör nur mir" présentéiert. Matt "Christmas Delights" ass de Concert op en Enn gaangen. D'Präsidentin Jeanne Mallinger-Wagner huet de Leit Merci gesoot fir hiert Kommen a speziell dene Leit, déi kuerzfristeg déi nei Covid-Bestemmungen kontrolléiert hunn. Bei der Collecte fir M.I.L. Momenter Intensiv Erliewen koumen 2000 € zesummen.