US Hueschtert - Avenir Beggen 1-0


Am Stade Jos Becker huet d'Lokalequipe besser an de Match fonnt an no 3 Minutten mat engem éischte Schoss de Chrismousse aus kuerzer Distanz gepréift. No eppes méi wéi enger Véirelsstonn gouf et dunn eng éischt Offensivaktioun vu Beggen, dem Hamilton Nascimento säi Volley goung awer iwwert de Gol. Zwou Minutte méi spéit huet den Aderito Vaz dos Reis de Ball flaach lénks laanscht de Gol geschoss. Vun do un gouf et bis d'Paus keng nennenswäert Goalchance méi vum Avenir bis d'Paus. Hueschtert war optesch iwwerleeën an hat och nach di eng oder aner gutt Aktioun, mä hir Schëss waren net cadréiert oder net geféierlech genuch fir de Chrismousse ze bezwéngen. No 42 Minutten awer koum eng Flank vum USH vu riets an de Strofraum, d'Nummer 11 vun Hueschtert steet fräi um zweete Poteau a käppt de Ball zum 1-0 eran.

No der Paus huet ee gehofft, vu Beggen kéim eng ähnlech Reaktioun wéi di Woch virdrun zu Rouspert, wou den Avenir sech mat vill Leidenschaft zréck an de Match gekämpft huet, mä leider sollt et haut anescht goen. No 51 Minutten verléiert Beggen de Ball zwanzeg Meter virum eegene Gol, mä den USH huet de Ball iwwert de Gol geschoss. Dräi Minutte méi spéit krut den Aderito Vaz dos Reis d'giel-rout Kaart, esou dass Beggen nach huet missen iwwer eng hallef Stonn laang zu 10 auskommen. Den Trainer Jos Steffen huet reagéiert a mam Demeyer an Troncao zwee nei Spiller erabruecht fir d'Offensivspill vun de Wiichtelcher ze beliewen. De Match ass awer wäitgehend ofgeflaacht an et goufen am Fong nëmme wéineg Héichpunkter an dëser zweeter Halschent: een dervun war e Schoss vum Randy Nzita no 66 Minutten, dee knapp iwwert de Gol goung. An der 77.Minutt huet den Diogo Troncao sech schéin duerchgesat, mä ass leider net zum Ofschloss komm. An der 88.Minutt geet e Schoss vum Gielty laanscht de Gol. Hueschtert hat dono nach zwou Aktiounen wou se hir Avance hätte kënnen erhéijen, mä de Chrismousse hält an der 90.Minutt, während an der 92.Minutt de Poteau en zweeten Hueschterter Gol verhënnert. Wuertwiertlech a leschter Sekonn hat Beggen nach eng Méiglechkeet auszegläichen, mä leider gouf et bei dëser Aktioun en Ofstëmmungsfegler tëscht dem Nascimento an dem Demeyer esou dass et beim 1-0 fir Hueschtert bliwwen ass. [ Lou Hartmann ]

Source: www.wichtelweb.net