Héichwaasser zu Hunchereng

En Donneschdeg géint 18 Auer ass den Niveau vun der klenger Baach "Mierbech" sou staark geklommen, dass d'Waasser an der Strooss stung. D'Pompjeeën hun de Verkéier geregelt an betraffen Haiser mat Sandsäck versuergt.

E grousse Schued entstung am Restaurant "de Pefferkär", wou d'Kichen iwerschwemmt war. Hei gouf während e puer Stonnen versicht, d'Waasser ofzepompelen. Besonnesch betraff waren och d'rue du Ruisseau an d'rue du Moulin.