Réouverture vum Café "beim Kueb"

E Freideg, 9. September, gouf "beim Kueb" d'Réouverture gefeiert. Zanter 1908 gëtt dese Café vun der Famill Neiertz bedriwen. No ville Joeren zit de Marcel Neiertz sech lues a lues äus dem Betrieb zeréck an iwerléisst sengen dräi Jongen de Café, deen ëmmer gutt besicht ass. Een vun de Jongen, den Daniel, huet säi Studium als Kach ofgeschloss, a bidd elo schon verschidde Menüer un.

Vill Leit hun der Invitatioun Folleg geleescht, a waren bei der Réouverture derbäi. Bei engem gudde Patt an wonnerbaren Amuse-Gueules hun si deenen dräi Jongen vill Succès gewënscht. No dräi Wochen Aarbecht presentéiert sech dest Lokal an engem ganz neien a modernem Look.