«Musikalisch Wanterfënster» zu Hëpperdang

D’Musik van Hëpperdang hat am Advent op hir ischt «musikalisch Wanterfënster» invitéiert. Fir dësen «covid-check» Event guff am Haff vam Haus op der Heed eng Fënster wanterlich dekoréiert. Dem Publikum, deen zalräich anwesend wor, guff d’Fënster matt Adventsmelodien van de Jungmusikanten an van der Hëpperdanger Musik virgestallt. D’Fënster bleiwt bis no de Feierdeeg dekoréiert a soll su de Lékt aus dem Foyer du Jour dës Zäit verschingeren.