Bicherbourse

25
Jan
2026
25 Jan

D’Bicherbourse, organiséiert vum Bicherclub a.s.b.l., fënnt statt den Sonnden, den 25. Januar, vun 9:00 bis 16:00 Auer am Centre Polyvalent Gaston Stein, 1, Rue Emile Nilles – Jonglënster. Et ass e beléifte Treffpunkt fir all déi, déi Bicher gär hunn, egal wéi al se sinn. Alles dréit sech ronderëm d’geschriwwent Wuert: Romaner, Kanner- a Jugendbicher, Dokumentarwierker, Comics an nach vill méi waarden drop, entdeckt ze ginn. E puer Verkeefer an Auteuren sinn iwwer ronn 100 Dëscher verdeelt. Entrée ass gratis.