Racketlon Tournoi am Centre sportif “op Freinen”
De Sonden 10. Februar 2019 organiséieren den Tennis Club Jonglënster, den Dësch-Tennis Lënster, den Dësch-Tennis Buerglënster an de Badminton Club Jonglënster ee Racketlon Tournoi. Gespillt gëtt een Tournoi an den 3 Disziplinne : Dësch-Tennis, Badminton an Tennis.
Et geet lass moies um 8.30h, d’Finalen sinn am spéiden Nometten am neien Centre sportif Op Fréinen zu Lënster.
D’Buvette ass de ganzen Dag op an iwwer Mëtteg gëtt et eppes Gudds z’iessen.
Den Erléis ass komplett fir den Télévie.
Fier Iech anzeschreiwen, mellt iech un op gillesbonert@gmail.com an gidd w.e.g. un ob Dir eng Lizens an enger vun den 3 Sportarten hutt. Iwwerweist dann 20€ op de Konto LU35 0019 5155 9271 4000 vum BC Jonglënster mat dem Vermierk „Racketlon + Numm + Virnumm“. Mindestalter fir matzemaachen sinn 16 Joër.
Maacht Iech bäi, well d’Platze si limitéiert. Déi éischt sinn fir.