CSV Equipe fir d'Europa Wahlen zu Jonglënster

Dee leschte Samschdeg hunn d'CSV Kandidate fir d'Wahle vum EU Parlament Statioun zu Jonglënster gemaach. An dat am Kader vun hirer Tournée duerch den Oste vum Land. Virum Centre culturel 'Am Duerf' war fir dësen Dag d'Ofschlossmanifestatioun.

Bei herrlechem Fréijoerswieder hu sech d'Kandidaten eenzel virgestallt an dono mat de Leit de Kontakt gesicht an iwwert Europa diskutéiert.

Dëst wor e flotten a sympatheschen awer och informative Meeting.