Generalversammlung Lënster Seniore

Eis Generalversammlung vun de Lënster Seniore war erëm e grousse Succès. Mat méi wéi 60 Memberen hu mir op eiser AG och e flotten Dag am Éislek bei engem gudde Spargelsiesse verbruecht. Wéi all Joer sinn hei ons Gebuertsdagskanner geéiert ginn. Dës Kéier hate mir e puer 80 järeg Memberen, a besonnesch frou ware mir, datt mat der Madame Marga Calteux, mir eng 100 järeg éiere konnten.