GROUSS BOTZ Jonglënster

Ons Grouss Botz war och dëst Joer rëm ee formidabele Succès. Zesumme mat der Ëmwelt Kommissioun vu Jonglënster als Organisateur ware mir zu 176 Jong a manner Jong engagéiert Awunner aus onser Gemeng déi hei matgemaach hunn. Mir hunn, leider rëm, immens vill Offall fonnt dee gesammelt gouf. No der Grousser Botz gouf et dann eng kléng Stäerkung an eppes ze drénken.