D'Dammenequipe vum F.C. Jeunesse Jonglënster ass erëm Landesmeeschter.

Bravo fir d'Dammenequipe vum F.C. Jeunesse Jonglënster:

No engem 5:3 Erfolleg e Samsdeg géint d'Equipe vun der Entente CEBRA/Gaasperech ass si erëm eng Kéier Landesmeeschter. De Responsable vun der FLF fir den Dammefoussball, den Nicolas Schockmel, den Erni Decker an de Vizepresident vun der FLF a President vum F.C. Jonglënster, de Claude Kremer, hunn den erfollegräiche Spillerinnen d'Coupe an d'Medaillen iwwerrécht.

Mat de Spillerinnen hu sech all hir Frënn - a besonnësch hiren treiste Supporter, den Armand Roller - immens gefreet. Et ass nëmmen normal, datt duerno esou richteg vun de Splllerinnen, hirem Trainer Calo Calmes, hirem Masseur Wolfgang Berwanger, hire Frënn a Supportere gefeiert ginn ass. Elo feelt nach en Erfolleg an der Coupe-Finale an den Doublé 2013 ass perfekt. Mir drécken de Spillerinnen an dem ganzen Team d'Daimercher ganz fest! (dd)