D'Minimes vum Lënster Fussball sin Vize-Champion an der Haal! (Fotos)

No der formidabler 3. Plaz an der éischter Klass konnt d'Ekipp vum Pierre Schmitz och an der Hal confirméieren: 2 Mätcher gewonnen an 3 glaich ass duer gaang fir Vize-Champion an der Hal ze gin!

Als eenzeg Ekipp am Land hun si während dem ganzen Tournoi - 20 Mätcher - keen eenzegen verluer an hun just missten dem RFCUL - trotz engem 0-0 - den Virtrëtt um Podium loossen.

E Sonndeg de Moien waar zu Nidderanven an der iwwerfëllter Hal erem fir Spannung gesuergt an d'Supporter sin wi ëmmer mat Haerz derbai gewiescht , ëmmer den Fair-Play op éischter Plaz.

An der Ekipp stoungen e Sonndeg: Pit Baum, Max Schmit, Maxence Lejeune, Maurice Nilles, Felix Maillet, Pedro Silva, Paddy Schmitz an Luc Bausch.
Et bleiwt ze notéieren dass di Lënster Ekipp nemmen Bouwen aus der Gemeng huet an net bei aner Verainer Kanner ofluchsen geet, an esou soll et och an Zukunft bleiwen fir an noër Zukunft och di méi grouss Ekippen mat Lënster Bouwen oplafen ze loossen.

E grousse Bravo un di ganz Ekipp an hiren Trainer Pierre Schmitz a Bonne Chance fir de Championnat, deen e Samsdeg ufänkt!