D'Lënster Trëppler ennerstëtzen d'LASEP

D'Lasep leet de Grondstee bei de Klengsten dass se solle Kierperlech aktiv sinn a sportlech Aktivitéite maachen. Dëst hëlleft de Kanner de Wuesstem an d'Entwécklung ze fërderen, hier motoresch Fähegkeiten ze verbesseren an e gesond Gewiicht ze ënnerstëtzen. Sport fërdert d'kognitiv a sozial Entwécklung, gëtt de Kanner Selbstvertrauen, Selbstwäertgefill an entwéckelt Teamfäegkeet.

Als neie Partner vun der Lënster LASEP ënnerstëtze mer als LËNSTER TRËPPLER all des Wäerter a sinn houfreg de Kanner haut konnten hier unverkennbar Kapen ze iwwerreechen !

Mir wënschen hinnen all vill Spaass a Freed am Sport, net nëmme beim Wanderen !