D'Lënster Trëppler ennerstëtzen d'LASEP

Sie hunn et schonn erëm gemaach 📷
A jo, a mat guddem Gewëssen !
D'Lënster Trëppler hunn och dem 2e Cycle vun der Jonglënster LASEP Sektion Sportskaapen gesponsert.

Mir gesinn dat als en Investissement an eis Zukunft, an d'Gesondheet vun onse Kanner. De Schoulsport, wanderen inclus, deen se durch d'LASEP gebuede kréien, dréit zur Fitness vun eise Kanner bei, si entwéckelen Ausdauer, Kraaft a Flexibilitéit.
D'Kanner leiere wei wichteg Beweegung fir hier Gesondheet ass an entwéckelen eng méi gesond Liewensweis.
Sportlech Aktivitéite fërderen den Teamgeescht, d'Kooperatioun an d'Kanner leiere wei se an enger Grupp interagéieren, Konflikter léisen an sech mat anere verstännege kennen.
Duerch de Sport bauen se Selbstvertrauen op a léieren dass se duerch Ustrengung an Training hier Zieler erreeche kenne.
Wanderen zemools hëlleft de Kanner hier motoresch Fähigkeiten, wei Gleichgewiichtssenn a Koordinatioun ze verbesseren.

D'Natur an d'frësch Loft droen zur psychescher Gesondheet bei, hei léieren d'Kanner hier Ëmwelt ze schätzen an entwéckelen e Bewosstsein fir Naturerliewen.

Schlussendlech soll et Spaass machen, d'Kanner solle Freed un der kierperlecher Aktiviteit an der Natur fannen, wat hinne sécher liewenslaang erhale bleift.

Sou leet d'LASEP schonn de Grondsteen zu engem gesonden Erwuesse-Liewen. Natierlech muss dëst ëmmer erëm mat Grousser Freed ënnerstëtzt gi. Spezielle MERCI un déi Leit vum Léierpersonal déi de Kanner des Meiglechkeete gin !
Zemools d'Kanner mat den neien Kaapen direkt op de Young-Walkers-Day op Consdorf gefuer sinn, zesumme mat iwwer 400 weidere Kanner !
Kleng Schrëtt an enger grousser Welt, weisen dass alles méiglech ass wat engem gefëllt !