De Cabinet Jörg Theis engagéiert sech fir d'Kanner vum Trauerwee

De Cabinet Jörg Theis Junglinster huet sech engagéiert, de Kanner vum Trauerwee Chrëschtdagswënsch ze erfëllen. Dobäi ass eng Zomm vu 635€ zesumme komm.

Dës Ënnerstëtzung erméiglecht et, Kanner, Jugendlecher a Familljen an Trauer weiderhin ze begleeden, an 2026 en Ausfluch an de Beetebuerger Park ze organiséieren.

Den Thierry Papillon hat d’Méiglechkeet, der Ekipp vum Cabinet Merci ze soen, fir dës Initiativ a fir de waarmen Empfang.

Fir méi Informatiounen: trauerwee.lu